Dëst ass selwecht wéi lescht Joer rëm um Wéier zu Kënzeg.
Maer starten um 7h00 wou dann Platze geloust gi an dann direkt kann ugefaange gin mat Fëschen.
Vun 12h00 bis +/- 13h00 ass dann Mëttespaus.
No der Mëttespaus gëtt dann eng 2. Kéier geloust fir déi 2. Manche vum Fëschen
Maer Iessen an der Buvette vum Wéier, de genaue Menü an weider Informatiounen kommen nach no.
Platze fir ze Fëschen a fir ze Iesse sinn begrenzt, mellt aerch also sou schnell wéi méiglech un wann där sécher dobäi wëllt sinn.