Och dësen 1.Mee maache mer rëm eisen 1.Mee Patt op der Duerfplaz.
Vun 9h00 – 14h00 fuere mer am +/-30min Takt mam Trakter an de Bësch fir ee Meekranz maachen ze goen.
Natierlech gëtt et och dëst Joer rëm e Cadeau fir de schéinste Meekranz. Nei mir maachen ee fir d’Kanner esou wei ee fir déi Erwuessen.
Et ass kee gezwongen ee Meekranz ze maachen oder mat an de Bësch ze fueren, där kennt och einfach just ee Patt huele kommen.Fir ons kleng Leit, hu mir och déi eng oder aner Beschäftegung. (ënnert anerem ee Sprangschlass a professionellt Gesiichtsmolerei).